Mëllerdaller Produzenten

Regional Produzenten

Qualitéit aus dem Mëllerdall – ekologesch an ekonomesch gutt an no um Verbraucher, dat hate sech eng 6 Produzenten aus der Regioun Mëllerdall am Joer 2005 op de Fändel geschriwwen, wéi si entscheet hunn, méi enk zesummen ze schaffen a sech an hir am Mëllerdall hiergestallten, respektiv ugebaute Produkter dobaussen op de Mäert an an der Gesellschaft besser ze vermaarten. Dorausser ass 2011 de Veräin Mëllerdaller Produzenten entstanen. D‘Zil war zesummen no Iddien a Weeër ze siche fir eng besser Visibilitéit ze hunn.

Haut sinn et méi ewéi 20 Betriber, déi sech am Regruppement vun de Mëllerdaller Produzenten engagéieren, fir datt d’Leit d‘Regioun Mëllerdall net nëmmen duerchwandere kënnen, mee datt si si och schmaachen, an op eng flott Aart a Weis erliewe kënnen.

De Mëllerdall – eng Regioun mat Goût

D’Landschaft vun der Regioun Mëllerdall oder „Kleng Lëtzebuerger Schwäiz“ ewéi se am Volleksmond och genannt gëtt, ass immens facettëräich a luet derzou an entdeckt ze ginn.

Et gi vill verschidde Weeër ewéi een dat maache kann: bei engem Trëppeltour op engem vun de sëllege Wanderweeër, enger Vëlostour oder bei der Degustatioun vu Produkter aus der Regioun. Si verroden eis méi iwwer d’Landschaft, ewéi een op den éischte Bléck denke géif. De Buedem, d’Lag, d’Ausriichtung, d’Ëmfeld an den Knowhow, alles dat fléisst an e Produkt mat an. D’Landschaft präägt d’Produkt an d’Produkt d’Landschaft. Charakteristesch fir de Mëllerdall sinn z.B. d’Uebstbongerten. Dës hunn eng laang Traditioun an der Regioun a sinn zu engem feste Bestanddeel vun der regionaler Kulturlandschaft ginn.

Kuerz gesot: De beschte Wee fir d’Landschaft ze genéissen, ass se ze schmaachen.

Catalin BURLACU©